D’Veräiner vu Brotebaach hunn de 25.05.2025 hiert traditionellt Baurefest organiséiert. Den Erléis vum Fest gouf un zwee wichteg soziale Projeten ausbezuelt: d’Association Luxembourg Alzheimer an d’ASA – Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn. Béid Organisatiounen hunn jeeweils een Don am Wäert vu 2.100 € entgéintgeholl.
D’Veräiner soen allen déi dozou bäigedroen hunn, e grousse Merci.