Klassentreffe vun de Joergäng 1978, 1979 an 1980 zu Hengischt

Hengischt. Op Invitatioun vum Nicole Goricnik an Conny Leners hunn sech fréier Schülerinnen a Schüler vun de Joergäng 1978, 1979 an 1980 aus hirer Heemechtsgemeng Hengischt, haut Gemeng Klierf, erëmgesinn.

Am Restaurant Cornelyshaff gouf zesumme giess a gemittlech beienee gesiess. Och en Deel vum fréiere Léierpersonal war bei dësem Treffen dobäi. Zesumme goufen Erënnerungen an Erliefnesser aus der Schoul- an der Jugendzäit ausgetosch. Déi eng oder aner Anekdot huet fir vill Amusement a Laache gesuergt.

Schued war, datt se net alleguer den Wee op Hengischt fonnt haten. Ëmsou méi gouf et geschätzt, mat deenen Uwesenden Erënnerungen an Geschichten nees opliewen ze loossen.

Bei all de flotte Geschichten a gemeinsame Momenter gouf och un déi geduecht, déi leider net méi ënner eis sinn. Si bleiwen en Deel vun der gemeinsamer Geschicht an hunn hir Plaz an den Erënnerungen un déi Zäit.

Et war e gelongenen Treffen, bei deem al Frëndschaften nees opgefrëscht goufen a vill schéi Momenter gedeelt goufen. Um Enn waren se sech alleguer eens: Spéitstens an zwee Joer wëllen si sech nees gesinn!

Weitere Neuigkeiten von Leners Conny >