Branebuerg:
Nokomme vun de Branebuerger "Steffen" hunn sech ee Sonnden de 05.07.2026 an deem Duerf getraff,wou hiren Urgrousspapp,Grousspapp, a Papp gebuere sënn.
Et waren Iwwert 120 Aluedunge vun eisem Brudder Johny Steffen verschéckt ginn. Dovunner sënn 45 Nokomme vu Steffen,op Branebuerger Kiermess komm. No Aperitif gouf dunn ee richtege Kiermes Menu Zerwéiert.
(Hamm am Deeg Gepochte Gromper a Geméis.)
Nom Mëttegiessen hunn mir eis zesumme gesat an Iwwert al Zäiten an Iwwert eis Virfare geschwat bis an den spéiden Nomëtteg hin.
Beim Äddi soen ass versprach ginn ,datt mir nach eng kéier sou een "STEFFENTREFFEN" Organiséiere sollen.
Fir Organisatioun j.st