Sängerbond Bruch
„100 Joer a 94 Deg no der Grëndung vum Sängerbond Bruch den 3. Abréil 1915 ass de Centenaire e Sonndeg, de 5. Juli 2015 zu Bruch mat ë bëssen Houfert op di laang Zäit, mat voller Fräd an an Éieren awer och mat Nostalgiegedanke gefeiert ginn.
No enger Gedenkzeremonie um Bricher Kierfecht an enger Jubiläumsmass an der Bricher Parkierch, déi vum Jubiläumschouer a fréiere Sänger musikalesch gestallt a vum Paschtouer Joël Santer zelebréiert ginn ass, war am Nomëtteg op der flotter Kiercheplaz ënnert der hëtzeger Summersonn, wou d’Bäm de Scheed gratis geliwwert hunn, an enger Ambiance ënner Frënn d’Duerffest, wou e beschtens preparéiert Mëttegeessen zerwéiert ginn ass a wou de Miseler Wéngchen an eise gudde Lëtzebuerger Béier “bestseller” waren.
Ëm halwerdräi nomëttes ass en imposante Festcortège mat engem Lederwon a mat historëschen Trakteuren duerch d’Bricher Duerf gezunn, iwwerdeems d’Strëpp vun der Musek Gemeng Béiwen déi Leit, déi nit mam Cortège matgaange sinn, mat lëschteger Musek ënnerhalen huet.
Ëm 4 Auer war dann eng offiziell Réceptioun op der Kiercheplaz wou d’Christiane Kohl-Bausch en intressanten Historik iwwert de Sängerbond Bruch presentéiert huet, wou de President vum Pius Verband Albert Brauch dem Chouer gratuléiert huet fir säi gëlle Jubiläum an un eng Rei vu Membere Verdingschtmedaille vum Pius-Verband iwwerrääche konnt.
Den Eierewäin huet d’Gemeng Béiwen/Atert offréiert, nodeems datt de Buergermääschter Paul Mangen an de Paschtouer Joël Santer dem Sängerbond Bruch nach eng Kéier Felicitatiounen entgéint bruecht hunn fir dat ämolegt Evenement, wat e Centenaire vun engem Duerfveräin duerstellt.
Matzen am schlëmmen 1. Weltkrich ass de Chouer den 3. Abréil 1915 gegrënnt ginn. D’Statute vun deemools goufen ënnerschriwwe vum J. P. Weimerskirch, President, Pierre Becker, Vize-President, Edouard Conrardy, Sekretär, J. P. Reimen, Keessjee a Michel Pütz, Dirigent.
Vläicht war et ë bëssen aus Trotz géint de Krich, datt sech zu Bruch en offizielle Gesankveräin forméiert huet, fir duerch d’Sangen iwwert déi schwéier Krichszäit ewech ze kommen.
Dëse renge Männerchouer war an den 1930er Joeren als ä vun de beschte Gesankveräiner bis wäit iwwert déi lokal Grenzen eraus bekannt, nit nëmmen als Kierchechouer mä och als weltleche Chouer. Nit nëmmen haten d’Sänger voluminéis, staark an tounsécher Basstëmmen - di „Bricher Basserten“ huet et iwwerall gehääscht – si hunn och, wéi keng aner, d’Gesellegkät, d’Lëschtegkät an déi hei duerch entstane Fräd an hiert Sangen afléisse gelooss.
Vläicht sinn doduerch esou staark Wuerzelen entstan, déi derzou gefouert hunn, datt de Bricher Sängerbond, vun 1962 un e gemëschte Chouer, iwwerleewe konnt, dacks huet misse schwéier Zäiten iwwerwannen, fir duerfir huet duerfen e Sonndeg de 5. Juli 2015 säin 100. Anniversär an aller Dignitéit a mat engem extrae Programm feieren ze kënnen. - h.b