100 Joer Sängerbond Bruch - Concert vun der Militärmusek - Fotoen: Pierre Scholtes

Am gutt gefëllte Festprogramm vun „100 Joer Sängerbond Bruch”dominéiert de Concert mam “Orchestre d’Harmonie” vun eiser Militärmusek den 30. Juli 2015.

Déi Behaaptung gouf och haushéich confirméiert an dat zur vollster Satisfaktioun vun de Militärmuseker an zum Luef vun den Organisateuren.
Ongeféier 200 Leit hunn di wonnerschéi Bricher Kierch bis op di leschte Plaz gefëllt, esou gutt ënnen am Schëff wéi uewen op um Ducksall, fir während enger Stonn e gutt eraus gesichte Programm ze genéissen, deen sech esou zesummegestallt huet.

1.CÉLÈBRE MARCHE MILITAIREFr. Schubert
2.PRECIOSA (Ouverture)C. M. von Weber
3.ICH MÖCHTE WIEDER EINMAL DIE HEIMAT SEH’NFr. Lehar
4.INTRODUKTION, TANZ UND VILJA-LIEDFr. Lehar
5.CARMEN SUITE (4 mouvements)G. Bizet
6.POST FATA VIRESCOL. Vliex
(Allegro moderato – Larghetto – Valse – Allegro Vivace)
7.SUITE GOTHIQUEL. Boëllmann
(Choral, Menuet Gothique, Prière à Notre-Dame, Toccata)

Ënnert der Lädung vum sympatheschen, jovialen an héich douéierte Chef-Adjoint vun der Militärmusek Christian KIRPES konnten déi vill Museksfrënn vun no a wäit eng Stärestonn erleewen, bestëmmt den Héichpunkt vum Festprogramm vun “100 Joer Sängerbond Bruch”.

Erfir ze sträiche bleift d’Prestatioun vun deene verschiddenen Instrumentalsolisten.

Iwweraus begeeschtert war den Auditoire vun de Gesankspartien, 2 Stécker vum Fr. Lehar, déi di talentéiert Sängerin an zugläich Militärmusekerin, de Sgt Stéphanie Schlink mat hirer ausgezeechenter Stëmm brillant gemeeschtert huet.

“Standing Ovation” fir eis grandios “Musique Militaire Grand-Ducale”um Enn vun dëser memorabeler Musekstonn, wou hire Sekretär Nello Zigrand an senger gekonnter, flotter an him ägener Aart a Weis wëssenswäert Explikatiounen zu den äänzelne Stécker ginn huet.

Merci gesot fir dësen ämolegen Owend huet de Buergermääschter Paul Mangen mat der Invitatioun vun de Museker op eng Collatioun an di vill Frënn vun eiser Militärmusek op den Eierewäin deen d’Gemeng Béiwen/Atert op der Plaz virun der Parkierch zum beschte ginn huet.