Landesmeschterschaft an der Fährtenprüfung beim HSV Boermereng

E Samsdeg an e Sonndeg sin Fährtenprüfungen an den Klassen 1-2-3 an den Biirmerenger Wisen an Emgéigend ofgehalen gin.
Geriicht gouf dat ganzt vun den Hären Boucy Jeff an Wirth Daniel.
Fährteleer waren Mariotti Gianni,Rosch Rainer,an Dietmar Schneider.
Fährteneinweiser waren Mondot Jos Kl 1/ Erpelding Thérès Kl 2 / Kl 3.
Prüfungsleiter waren Patrissi Jos an Wirth Alfred.
Sekretariat haten Mondot Jos an Steve Jost.
Gewonnen huet an der Kl 1 Schmidt Günther, 2ten Wirth Alfred, 3ten Ourth Ronny.
Gewonnen huet an der Kl 2 Santioni J.Paul, 2ten Borega David, 3ten Delleré Marco.
Gewonnen huet an der Kl 3 Patrissi Jos, 2ten Schmit Gaston, 3ten Keil Patrick.
Medaillen sin iwerreecht gin am Centre Culturel wou zum Schluss ons Heemecht nach gespillt gin ass.
Ze bemierken ass nach dass den nach jonken Hondsportveréin Boermereng am Oktober 2008 gegrönnt gin ass .