Maison Relais zu Elwéng - De Grondsteen gouf geluecht

Dëser Deeg ass zu Elwéng de Grondsteen fir di nei Maison Relais geluecht ginn, an dat a Präsenz vun der Familjeministesch Marie-Josée Jacobs.

Niewt der Ministesch konnt de Buergermeeschter vu Boermeréng, Ben Homan, zesummen mat senge Schäffen, Georges Laux a Jérôme Britz, och nach seng Kollegen Buergermeeschter vun den Nopeschgemengen Schengen a Welleschten, de Roger Weber a de Fançois Hemmen, esou wéi weider Gemengevertrieder aus deenen 3 Fusiounsgemengen, begréissen. Och de Schoulinspekter Victor Scheier an den Responsabelen vun Luxembourg Youthhostels, de Serge Pommerel, woren op der Plaatz.

Besonnesch frou awer wor de Ben Homan iwwer d'Präsenz vun senge Pompjeeskomeroden, deenen hien dann och direkt Merci gesot huet fir hier Gedold bei dësem Projet. Nieft der Maison Relais kréien nämlech och d'Pompjeeën Raimlechkeeten, fir Gefir a Personal, op déi si schon ganz laang waarden.
Daat de Projet méi laang gedauert huet fir un ze kommen, an dat trotz de Beméiung vu Schäffen- a Gemengerot, gouf dann och bedauert. Et wor och nët de Fehler vum Familjeministère, sot de Buergermeeschter, deen dann och der Ministesch Merci gesot huet fir di finanziell Ënnerstëtzung, awer och fir di gudd Zesummenaarbecht matt de Fonctionnairen aus hirem Ministär.

D'Ministesch selwer huet dann och di polyvalent Notzung vun der Maison Relais besonnesch gelueft, d'Gebailechkeeten déi matt ëffentleche Gelder finanzéiert ginn, dierften nëtt - duerch nëmmen eesäiteg Notzung - d'Halschent vun der Zäit eidel stoën.

Zum Schluss krut Ministesch nach eng "Fusiouns-Corbeille" mat enger Blimche vun der Musel iwwereecht, an d'Inviteeën sin op e Patt Fiederwäissen an e Schnittchen invitéiert ginn.

Fotoen (c) Paul Hengesch