Een Uebstbam fir all neigebuerent Kand an der Gemeng Groussbus-Wal

Och an der neier Fusiounsgemeng Groussbus-Wal gëtt di flott Traditioun vum Bamsetzen fir di neigebuere Kanner vum leschte Schouljoer bäibehale. Sou konnte viru kuerzem net manner ewéi 16 Elteren mat hire Kanner hiren ausgewielte Uebstbam zu Bëschrued an Empfank huelen, wou d‘Gemeng no enger symbolescher Planzaktioun um Schéckelt e Patt Glühwäin oder e waarme Schocki offréiert huet.