Den Albert Fisch fillt sech mat 85 Joer nach wuel


Calmus: Op engt arbechtsräicht Liewen kann den Albert Fisch vu Calmes zerëck kucken, den sech no 85 Liewensjoeren, Doheem och nach wuel fillt. Den Albert Fisch ass als eelsten vu véier Gesëchter den 29. Juni 1938 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. Seng Elteren waren den Nicolas Fisch vu Calmus an d‘Marie Theisen vu Kapweiler. No der Hochzäit den 18. Mee 1963 mam Julie Schroeder vu Rëmmerich hun si den elterlichen Bauerebetriib zu Calmus och weidergefuert. Aus hirem Bestiednis sin dräi Meedercher an zwéin Jongen erviergaangen. Haut zielen siewen Enkel- an dräi Urenkelkanner zur Famill Fisch- Schroeder. Leider ass dem Albert seng Fra, Julie den 6. Juni 2022 verstuerwen. Fir den 85. Gebuertsdag vum Albert Fisch besonnesch ervier ze hiewen, war de Buergermeeschter Gérard Zoller mat sengen zwéi Schëffen Léo Lutgen an Tom Staus a Presenz vun de Consellieeën, Jo Clausse a Jang Konsbrück mat enger gudd gefëllter Corbeille bei de Jubilar virstellig fir dem Albert di allerbëscht Gléckwënsch a Numm vun der ganzer Gemeng Sëll ze iwerbrëngen. A senger Laudatio ass de Buergermeester Gérard Zoller op dat arbechtsräicht Liewen vum Albert Fisch agaangen, den niewt sengem Bauerebetriib, leidenschaftlichem Brenner an langjährigem President vum Kircherot och op politischem Plang an der Gemeng ganz aktiv war. Vun 1982 bis 1988 war hien Schëffen an duerno vun 1988 bis 2000 Buergermeeschter. Als Konseiller vun 2000 bis 2006 huet hien seng politisch Karriere mat vill Engagement an der Realisatioun vun ville Projeten als Éierebuergermeeschter zum Wuel vun alle Bierger an der Gemeng Sëll op den Ënn bruecht. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)