E Käschtebam fir all Neigebueren aus der Sëller Gemeng



Kaalmes: Och den Dag vum Bam 2021 ass dest Joer an der klenger Gemeng Sëll gefeiert gin. Zesummen mat de Gemengevertrieder, dem Fieschter Thierry Hollerich mat sengem Team, dem Technischen Gemengen- Service an de klenge Kanner mat hiren Elteren, sin um Millewee zu Kaalmes gläich zwéin Käschtebeem geplanzt gin. Ugaangs huet de Buergermeeschter Jean Konsbruck no senge Wëllkommensgréiss a Wieder vu Merci op de Sënn an Zweck vun deser naturverbonnenen Planzaktioun déi zesummen mat der lokaler Gaart an Heem Sektioun organiséiert gouf, higewissen, wou dess Beem dene klengen Sëller, déi am Laaf vum Joer 2020 an 2021 op d’Welt komm sin, geduecht sin, si als nei Matbierger ze begréissen. An dem Kontext ass eng Plakette aus Holz mat den Nimm vun alle Neigebuerenen niewt enger Bänk, als Erënnerung och nach derbéi gesaat gin. Als Ofschloss vun deser Planzaktioun huet d’Gemengeverwaltung Sëll op e Patt mat engem gudde Maufel an de Festsall vu Sëll invitéiert, wou och all Elteren e Bong an Empfank konnten huelen, fir sech Doheem e Bam no hirer Wiel können unzeschaafen . (CR) (Foto: Charles Reiser)