Schnéiball, Hieselter a Schléiwen geplanzt

Am Kader vum Dag vum Bam hunn d'Schoulkanner aus dem Cycle 3.1. vu Mamer haut de Mëtten 185 Heckensträicher um Rannerwee zu Capellen ugeplanzt. Zesummen mat hiren Enseignanten an ënner Opsicht vum Fierschter Fabrice Reuland an sengen Aarbechter hunn déi 74 Kanner Hieselter, Schléiwen, Pafenhittchen, Schnéiball an Heckenrosen an preparéiert Lächer gestach an mam Fouss de Buedem bäigedréckt.

Duerch dës Aktioun an déi vun zejoert kréien d'Insekten an d'Vigel am Sport- a Fräizäitpark Capellen nei Liewens- a Schutzräim gebueden. Awer och d'Supporter vum Beachball profitéieren am Summer op der Wiss vum Schied, deen d'Hecken emol spenden. Ënnerstetzt goufen d'Kanner och vun de Schäffen Roger Negri a Luc Feller, dem Präsident vun der Schoulkommissioun Marcel Schmit, dem Presidentteam vum Schoulcomité Georges Bové a Marc Thommes. Als Belounung a Stärkung no der Planzaktioun huet d'Gemeng de Kanner eng Metsch an ee Gedrénks gestalt.