Kierzlech gouf am HPPA Klierf eng wonnerbar a häerzlech Gebuertsdagsfeier organiséiert, wou sech d’Bewunnerinnen a Bewunner getraff hunn, déi am Oktober, November an Dezember Gebuertsdag haten. Zesumme mat der Direktioun, de Familljememberen an den anere Bewunner ass een zesummekomm, fir d’Jubilaren ze feieren an an enger entspaanter Atmosphär op vill schéi gemeinsam Erënnerungen unzestoussen.
Fir gutt Stëmmung huet de Museker Dany Huppermans gesuergt. Seng Musek huet deen een oder anere Gaascht dozou bruecht, e klengt Dänzchen ze maachen. Am Laf vum Owend gouf de Programm duerch e leckert Owesiesse ofgeronnt. Als kréinenden Ofschloss gouf et den traditionellen hausgemaachte Gebuertsdagskuch, deen de Owend mat senger séisser Nout harmonesch ofgeschloss huet.
En erfollegräichen Owend, deen de Jubilaren Opmierksamkeet geschenkt huet an dobäi Gemeinschaft, Wäermt a Liewensfreed an de Mëttelpunkt gestallt huet.