Gebuertsdagsfeier am HPPA Klierf

Kierzlech gouf am HPPA Klierf eng wonnerbar a häerzlech Gebuertsdagsfeier organiséiert, wou sech d’Bewunnerinnen a Bewunner getraff hunn, déi am Januar, Februar an Mäerz Gebuertsdag haten. Zesumme mat der Direktioun, de Familljememberen an den anere Bewunner ass een zesummekomm, fir d’ Jubilaren ze feieren an enger entspaanter Atmosphär op vill schéi gemeinsam Erënnerungen unzestoussen.

Fir gutt Stëmmung huet de Duo Lisa Mariotto an Jeannot Conter gesuergt.

D’ Musek huet deen een oder anere Gaascht dozou bruecht, e klengt Dänzchen ze maachen. Am Laf vum Owend gouf de Programm duerch e leckert Owesiesse ofgeronnt. Als kréinenden Ofschloss gouf et den traditionellen hausgemaachte Gebuertsdagskuch, deen de Owend mat senger séisser Nout harmonesch ofgeschloss huet.