Konveniat Gendarmerie-Police

Et ass schonns eng Traditioun, dass Gendarmerie-Police (Sessioun 1973 ) sech all Joer trefft, an dat säit 1976. Dest Joer hatt et si an Eisleck op Clierf verschloen, wou flott an aal Erënnerungen opgefrescht gi sinn. Et ass festgehale ginn, dass si sech nächst Joer an der Géigend vu Miersch erëmgesinn.