Kosengs-Treffen

Viru kuerzem hunn d'Enkelkanner vu Jean-Baptiste a Catherine Wagener-Courantz vum Holzthum sech bei engem flotte Kosengs-Treffen zesummefonnt. Leider si 6 Kosengen net méi ënnert eis an et war eng schéi Geleeënheet fir och u si ze denken, fir Erënnerungen a Fotoen auszetauschen. Bei engem gudden Iessen sinn d'Stonne séier eriwwer gaangen an et gouf ausgemaach fir sech an Zukunft méi dacks zesummen ze gesinn.