Generalversammlung vun der „Chorale Ste Cécile Réiser-Krautem“

Bei Geleeënheet vun der dësjäreger Generalversammlung vun der Chorale Ste Cécile Réiser-Krautem gouf e Scheck vun 1.000 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Dës Zomm koum duerch d’Quête beim Concert „Sangen ouni Grenzen“ vum leschte Joer zesummen.

Och goufe verschidde Membere geéiert. D’Mme Anni Kieffer-De Kroon huet „d‘Médaille en Vermeil avec Palmette“ fir 40 Joer Member vum Pius-Verband iwwerreecht kritt. D‘Mme Francine Christen-Bassi an den Här Claude Schanen kruten e Kaddo fir iwwer 30 Joer Sekretärin respektiv Fändeldréier vum Veräin.