Eis Militärmusik huet e Gala fir 150 Joer Colmer Musek zum Bäschte gin

Bis op di läscht Plaatz war de Kuluturzenter zu Colmar- Bierg, den 24. September besaat, fir de wonnerbare Galaconcert vun eiser Militärmusik, ënnert der Leedung vum Chef- adjoint Christian Kirpes ze lauschteren. Ënnert den Éiergäscht waren de Monseigneur Grand- Duc Henri an de Chamberpresident Fernand Etgen fir dest Evenement mat hirer Präsenz ze honoréieren. Dese Concert war am Kader vun 150 Joer Colmer Musik opgefouert gin. (Fotoen: Charel Reiser)