Fraen a Mammen Colmer- Bierg aktiv a spendefreedeg



Kleng Sektioun mat groussem Häerz

Colmer-Bierg: Ganz gutt besicht war d'Generalversammmlung vun de Fraen a Mammen Colmer-Bierg

viru kuerzem am Kulturzenter. No der Begréisssung vun der Presidentin Léa Arendt-Mangen gouf an enger Gedenkminutt un di verstuerwen Memberen geduecht. D'Memberszuel vun der Sektioun, ass duerch e puer Ofgäng, awer och duerch nei Zougäng erfreelicherweis konstant bliwwen. Aus hirem Tätigskeetsbericht konnt ee feststellen, dat d'Sektioun vu Colmer-Bierg am Joer 2023 iwwert d'Joer ganz aktiv war.Zesummen mat de Paren Ettelbréck-Dikrich, ware si an d'Oktavmass,op den Ausfluch op Maria Laach, d'Adventsveillée an haten d'Jousefsfeier mat uschléissender Generalversammlung am Kulturzenter zu Colmer-Bierg organiséiert. Ofschléissend huet d'Presidentin awer drop gehalen fir deene ville Leit niewt dem Komitee villmools Merci ze soen, déi bei deenen villen Aktivitéiten a Geleeënheeten mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an hirem technischen Service mat Hand ugeluecht hun. Aus dem ausféierlichen Finanzbericht vum Virginie Torres-Schwinn gong ervier dat d'Sektioun trotz Spenden vun 3 500 Euro nach gutt opgestallt ass. D'Keesserevisorinnen Andrea Jung an Anne-Marie Lanckohr hunn di perfekt Buchführung och bestätigt an der Keessière Entlaaschtung erdeelt. Als nei Keesserevisorinnen) hunn d'Sophie Hoffmann an d'Isabelle Wickler déi Charge fir d'Zukunft iwwerholl. Deenen zwou scheedenden Kesserevisorinnen) ass Merci gesot ginn fir hir Arbicht an all deene Joeren grad wi dem Rina Origer, dat wéinst Wunnëngswiessel de Comité verlooss huet. Den Ausbléck vun der Colmer Sektioun gesäit folgend Aktivitéieten fir: Fréijoersdeko (21.Mee), Familljefest (14.Juli), Ausfluch an d'Phantasialand zesummen mat der Jugendmusik a Massendinger (18.Juli), Afterwork (2. August), Tendances Jardins (20.-22. September),Adventsdeko (26. November) a Bastelen mat de Kanner fir Chrëschtdag (Dezember). Als Presidentin vun de Paren Ettelbréck-Dikrich huet d'Henriette Mathias dat grousst Engagement begréisst an op folgend Datumer higewisen: Ausfluch op Metz(31. Mee), Rees an de Schwarzwald (15.-19.Juli),Schëfffahrt mat der Marie-Astrid op Tréier (28.August), Besuch vum Maart zu Maastricht am Oktober. Am Numm vun der Gemeng Colmer-Bierg an och am Numm vun der Pastoralequipe hunn d'Jacqueline Majerus souwi och d'Véronique Feller den groussen Asatz vun der Sektioun an der Gemeng an och an der Par besonnesch erviergehuewen a weiderhin vill Erfolleg bei all hiren Aktivitéiten gewënscht. Am Schluss vun der Generalversammlung stong eng checkiwwerreechung um Programm. Mat hire oprichtege Merci hunn d'Nicole Backes an d'Yasmine Silbereisen de Scheck vun 3 000 Euro entgéint geholl, deen der Vereenigung "Blëtz" zugutt kënnt. Nodeems dat si di"Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag" am Detail och virgestallt hunn, wou dëss Spend och wirkungsvoll agesaat gëtt, huet d'Versammlung bei Zesummesinn a gudder Ambiance hire würdigen Ofschloss fond. Bleift ze vermierken dat schonn am Virfeld 1 000 Euro beim Télévie Dag zu Noumer iwwerreecht gi waren. (CR) (Foto: Charles Reiser)