Fraen a Mammen Colmer- Bierg aktiv a spendefreedig


Schecken vun 6 000 Euro fir dräi karitativ Wierker weider gin

Colmer-Bierg: Ganz gutt besicht wr d’Joereshaaptversammlung vun de Fraen a Mammen Colmer- Bierg viru kuurzem . No der Begréissung vun der Presidentin Léa Arendt- Mangen gouf an enger Minut vun der Stëll un di verstuewen Memberen geduecht. An treffenden Wierder gouf all benevol Memberen, der Gemeng mat hirem Technischen Service, der gudder Entente am Komitee villmols Merci gesoot, well ouni hiren Asaatz wier et haut nit méiglich fir verschidden Donen iwerreechen ze dierfen. Aus hirem Tätigkeetsbericht gong ervier, dat d‘Sektioun Colmer- Bierg vun de Fraen a Mammen am Joer 2024 ganz aktiv war. Niewt dem Ausflug op Metz, dem Summerausflug mat der Princesse Marie- Astrid, der Adventsveillée zesummen mat de Paren Ettelbréck- Dikrich, dem traditionellen Ausflug an d’Phantasialand mat de Massendinger an der Jugendmusik, Eiskuchebâken, Schnittercher préparéieren, Bastelnomëttercher an verschidden aner Aktivitéiten a Fester ausserhalb an och an der Gemeng selwer, och present waren. Den ausféierlichen Finanzbericht vum Virginie Torres- Schwinn huet bewissen, dat d’Sektioun trotz Spenden vun immerhin 4 100 Euro nach gut opgestallt ass. D’Keesserevisorinnen Sophie Hoffmann an Isabelle Wickler hun di exakt Buchführung och bestätigt. Den Ausbléck vun der Colmer Sektioun gesäit elo schon ënnert aanerem folgend Aktivitéite vier. Fréijoersdeko (Enn Mee), Hëlzerklaus- Bastnech mam Militärmusée (12. Juni) an di grouss Rees op den Bodensee (24. bis den 28. Juni), dat zesummen mat de Paren Ettelbréck- Dikrich), Familljefest am Park (13. Juli), Ausflug an d’Phantasialand mat de Massendinger- Jugendmusik an evt. mat de Jugendpompjeeën (17. Juli), Schëffrees mat der Marie- Astrid op Tréier mat de Paren Ettelbréck- Dikrich (27. August), Afterwork (7. November), Adventskränz (25. November), Kannerbastelen fir Chrëschtdag (18. Dezember). Am Numm vun der Gemeng an och vun der Pastoralequipe hunn den Patrick Berens souwi och d’Véronique Feller den groussen Asaaz an dat éierenamtlicht a sozialt Engagement vun der Sectioun Colmer- Bierg an der Gemeng an och an der Par, souwi och die vill Spenden fir karitativ Zwecker, besonnesch erviergehuewen. Zum Schluss vun der Versammlung koum et zu enger dräifacher Scheckiwereechung am Gesamtwert vun 6 000 Euro. Merci gesoot hun de Luc Lauer an den Grede Ricardo fir de Scheck vun 2 000 Euro, den der Vereenegung“ Stroossen Englen“ zugutkönnt. Madame Generaldirekter Myriam Mersch- Zimmer vun der „Fondatioun Maison de la Porte Ouverte“ war och frou de Scheck vun 2 000 Euro entgéint ze huelen. Grad wéi d’Marie- Josée Frank an d’Françoise Kerger, déi a Vertriedung vun „Pour la Vie Naissante“ fir de Scheck vun 2 000 Euro, och häerzlich Merci gesoot hun. Noodeems dat all Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegung kuurz virgestallt hun an och matgedeelt hun, wéi dess Suen och agesaat gin, huet d’Versammlung bei flottem Zesummesin a gudder Ambiance hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)