Kaddoen fir 24 Jubilaren am HPPA Réiden/Atert
um weitere Bilder zu sehen.
Réiden/Atert: Di traditionell gemeinsam Gebuertsdagsfeier, di e puer Mol am Joer am Home Saint- François Réiden/Atert fir hir Jubilaren zesummen mat hire Familljen organiséiert gëtt, mécht jidderengem ëmmer vill Freed. En Donneschden, den 21. Mee war et nees esou weit , wou nit manner wi 24 Jubilaren vun de Méint Mäerz an Abrëll mat engem schéine Kaddo geéiert gi sin. Den Home Direkter Dany Oestreicher mat sengem Personal war et och eng besonnesch Freed alle Geburtsdagskanner die allerbëscht Gléckwënsch vum Haus, verbonne mat enger gudder Gesondheet op hire weidere Liewenswee ze iwwerbréngen. Fir bescht Stëmmung an Danzmusik, huet den Entertainer Willy wéi gewinnt mat sengem besonneschem Humor de ganzen Nommetteg, gesuergt. Natirlich huet niewt engem Glas Crémant, och engt gut Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch an géint der Owend e leckeren Teller mat Spezialitéiten vum Haus wesentlich zu dëser schéiner Feier och beigedroen. D'Jubilaren vum Mount Mäerz: Gloesener-Jacqué Marie- Louise (83 Joer), Conrardy Romain (69), Schneider- Genin Lucienne (96), Bendels- Klein Liliane (81), Decarniere- Uyttendaele Christiane (87), Schroeder Alphonse (89), Risch Jean- Pierre (79), Goedert- Knops Denise (93) a Weber- Schrantz Laure (82). Mount Abrëll: Didier- Feilen Marie- Louise (93), Muller- Klepper Marie- Josée (80), Weyland- Huberty Amélie (87), Ensch Albert (85), Rausch- Koeune Anne (84), Bach Philippe Aline (90), Diederich- Wolff Marie- Thérèse (96), Pater Hansen Matthias Joseph (87), Colbach Jean (90), Kleer Joseph Mathias (94), Braun Rudy (89), Derneden- Moes Anne- Monique (83), Tiercet Eugénie Marguerite (84), Fasbinder- Nilles Marie- Madeleine (96) a Reimen André (80)- (CR) (Foto: Charles Reiser)