Miersch: Mir feieren de Gebuertsdag vun eise Pensionnären a Schwesteren, déi tëschent dem 24. Juli an 29. Oktober gebuer sin! Dat war och den 29. Oktober de Fall, wou am Kader vun enger schéiner Feier am festlech gerëschte Festsall vum HPPA Miersch nit manner wi 35 Jubilaren die allerbescht Gléckwënsch vum Home- Direkter Nicky Wintringer mam Sandrina Alves a Paul Laurent iwwerbruecht konnte gin. Sou konnten d'Gebuertsdagskanner am Alter vun 73 bis 102 Joer mat enger schéiner Rous geéiert gin. Den Animatiounsteam mam Entertainer Willy huet de ganze Nommëtten fir super Stëmmung gesuergt wou jonk an och déi mi aal probéiert hun fir hirt Danzbeen esou richtig un d'schwéngen ze brëngen. Och d'Gemengevertrieder vu Colmer- Bierg (Isabelle Wickler), Helperknapp (Jean- Claude Mathekowitsch), Fiels (Martinelli Mirko a Clemen Luc), Miersch (Sandra Pinto, Costa Nelson a Willy Vullers) waren bei desem schéinen Event och present. Natierlech huet de grousse Gebuertsdagskuch bei dëser Feier och net gefeelt. D'Jubilaren waren : Ney- Tonnar Liliane (73 Joer), Meyer- Marx Marie- Thérèse (77), Buchholtz- Feitler Monique a Mossong Anitta (82), Kries Léon (86), Clemen Norbert, Kraus- Peschon Marie- Anne, Schmit- Metz Elisabeth a Lentz- Molitor Marie- Berthe (87), Kasel- Ury Virginie a Matiz- Reuland Margot (88), Berens- Guelff Catherine, Hildgen- Campill Anna a Ahles Nicolas (89). Unsen- Thull Josephine, Feltes Agnès. Frieseisen- Hennico Josée a Nickels Carlo (90). Philippe- Wealer Antonia, Martellini-Flammang Marie- Anne a Pomes- Hertz Elfriede (91). Feltus Marcel a Hormans- Naalden Johanna (92). Frising- Hermes Emilie Schmitz- Nimax Alice (93). Kamphaus Armand, Jungers- Bour Catherine, Kahn- Goedert Josette, Hemmer- Traufler Anny, Pletschette Maria a George- Thilmany Thérèse (94). Sr. Schmit Pierre- Marie a Kayser- Walin Catherine (96). Sr. Berens Franziska (97). Royer Camille (102). (CR) (Foto: Charles Reiser)