Mat"Fly me to the Moon" huet d'Lyra Ettelbréck iwer 650 Gesangfrënn begeeschtert


Ettelbréck: Virun 115 Joer ass d'Chorale Municipale Lyra Ettelbréck gegrënnt gin an huet och dest Joer un der schéiner Traditioun festgehaalen, fir de Frënn vum Gesank e flotte Galaconcert am,“centre des Arts Pluriels Ed. Juncker“ mam Thema "Fly me to the Moon" ze presentéieren. Den Erfolleg op den zwéin Owender war grouss. Esou dat nit manner wi 650 Nolauschterer der Aluedung vum Ettelbrécker Männerchouer nokomm waren. Hiren laangjähregen an dynamischen Dirigent Marion Michels hat eng ganz Reih vu bekannte Melodien erausgesicht, déi vum Chouer och mat Bravour gemeeschtert gi sin. Nit manner wi 20 Schlager a bekannt Lidder aus de Joeren 1926 bis 1989, wi ënnert aanerem"Are you lonesome tonight“, „Fly me to the Moon" „Green, green grass of home,", „ Delilah“, „ My Way“, „ junger Tag“ bis zu der flotter Melodie "Eleni" samt dräi Zugaben, sin mat groussem Applaus och honoréiert gin. D'Solisten Henri Beissel, John Düsseldorf, Serge Kartheiser, Roby Reiffers a Georges Riewer a begleet vum Pianist Claude Huss, hunn hiert gesanglicht a musikalischt Talent bei hire jeeweilegen Optrëtter och wonnerbar zum Ausdrock bruecht. De Chouer gouf professionell an instrumentalisch begleet vum Luc Hoffmann, Pit Ewen a Max Duchscher . Durch di flott Owender huet den Dirigent Marion Michels selwer gefouert an och bekannt ginn, dat hien wärend 30 Joer de Männerchouer geleet huet an et elo un der Zäit wier, fir engem jongem Chef d'Leedung an Zukunft ze iwerloossen. Mat berechtigtem Stolz huet de Chouer- President André Nicolay, zum Schluss, senge Sänger, dem Instrumenten- Ensemble mam Pianist Claude Huss säin oprichtige Merci ausgedréckt fir de perfekten Optrëtt vum Gala 2026 am CAPE. Säin spezielle Merci huet de President duerno un den langjährigen Dirigent Marion Marion Michels geriicht fir sengt onermiddlicht Engagement als Dirigent an all dene Joeren bei der Lyra. Dene Wierder huet de Buergermeeschter Bob Steichen sech och ganz gaeren, ugeschloss. Natirlich ass och alle Sponsoren a Symphatisanten, de Leit am Service, wi och dem Publikum fir hir Presenz, Ënnerstëtzung an Hëllef villmols Merci gesoot gin. Bleiwt ze vermierken, dat dieselwecht Optrëtter vun der Ettelbrécker Lyra, Samsdes, den 16. a Sonndes, den 17 . Januar 2027 am Centre Turelbaach zu Mäerzeg schon um Programm stin. Reservatioun : GSM: 621 212 327 (17- 20 Auer ) oder E- Mail: wantzpatrick@hotmail.com.. Et ass der Wäert lauschteren ze kommen. (CR) (Foto: Charles Reiser)