Hueschtert/Rammerich : Mat 90 Joer nach fit ze sin, dat Gléck huet d’Astrid Krischler- Haas, dat zënter dem Joer 1972 a sengem Wunnhaus zu Hueschtert ( Rammerich ) wunnt a sech och do nach wuel fillt. D’Jubilarin ass den 7. Oktober 1936 zu Houschtert op d’Welt komm. D’Astrid Haas war di drëtt eelst Duechter vum Henri Haas an Henriette Berg, allen zwee vun Hueschtert. Den 11. August 1956 huet den Willy Krischler vun Esch/Uelzecht, den op Esch/Belval geschafft huet, sech mam Astrid Haas bestued. Leider ass hire léiwe Mann Willy den 22. November 2014 verstuerwen. Wéi dat zur schéiner Traditioun gehéiert, war d’Madame Buergermeeschter Myriam Binck a Presenz vu sengem Schëffen Mike Bolmer mat enger gut gefëllter Corbeille op Hueschtert komm, fir dem Astrid Krischler- Haas zu ihrem 90. Gebuertsdag di allerbäscht Gléckwënsch vun der Gemeng Rammerich ze iwerbréngen an der Jubilarin, déi hirer Passioun fir ze Häkelen, Strécken, Baaken a Kaachen asw. nach vill Joeren bei gudder Gesondheet nach nogoue kann. E flotter Gesellschaft gouf d’Glas erhuewen an op dem 90. Gebuertsdag geprost gin.(CR) ( Foto: Charles Reiser)