Ënsber: Zesummen mat der Famill a Frënn huet de Jolly Feyerstein den zu Ënsber wunnt, säin 70. Geburtsdag gefeiert. De Jolly ass den 6. Oktober 1956 zu Woltz op d’Welt komm. Hien huet sech mam Germaine Holtz vu Surré bestued an sin och Stoltz op hiren eenzege Jong an op seng 3 Enkelkanner. De Jolly war nach ëmmer e Veräinsmensch a ass ënnert aanerem ganz aktiv am Syndicat d’initiative, bei den Theater- a Fëscherfrënn, am ESILAC an Dëschtennis asw. Zënter 16 Joer ass hien och als Konseillier an der Gemeng tätig. Gefeiert gouf am Restaurant Camping Bissen am Heischtergronn. Beim Opschneiden vum groussen Geburtsdagskuch ass dem Jolly Feyerstein mat engem kräftigen Happy Birthday och no engem 70. Geburtsdag fir Zukunft dat Allerbëscht gewënscht gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)