Zesummen mat ronn 200 Matbierger an der Gemeng gouf gefeiert
Dikrech: Et ass schon zënter Joeren, di schéin Traditioun fir d’Jubilaren zu hirem Gebuertsdag mat engem Kaddo ze éieren. Och dest Joer hat d’Amicale 3. Alter Dikrech zesumme mat der Gemeng an d’Séierei invitéiert fir e puer flotter Stonnen mateneen ze verbréngen. Nom Apéritif verbonnen mat engen deftigen Menü hat de President vun der Amicale, Pascal Balthasar mat sengem Komitee di grouss Freed di ronn 200 Memberen mat de Leit aus dem Schëffen- a Gemengerot och häerzlich ze begréissen. Mat flotter Danzmusik huet den Entertainer Willy de ganze Nommëtteg och bäschtens gesuergt. Zum Ofschloss vun deser schéiner Feier si folgend Jubilaren mat engem klenge Kaddo fir 80 Joer geéiert gin. Coenjaerts Willy, Heger-Clemen Henriette, Krings- Koch Renée, Maillet Marie- Thérèse, Scheuren- Lepage Félicie, Schwebach- Boever Josette, Steies-Nosbusch Irène, Bohnert Robert a David Pierre. Fir 85 Joer: Assel- Atten Maria, Conter-Hermes Marguerite, Fayot - Müller Liliane, Gaul-Clemens Ketty, Kohnen- Faber Marie- Claire, Krings Nicolas, Stecker- Kartheiser Anny a Rudy Troes. Fir 90 Joer: Gengler Roger, Henrion-Stirn Marie- Anne, Kraemer- Lanners Nic, Lentz Pierre, Schanck Nic a Schroeder-Serres Hélène.Fir 91 Joer: Krings Jos a Bourkel Irène. Fir 92 Joer: Ersfeld Jean. Fir 93 Joer: Ersfeld- Goergen Louise a Boden Beby. Fir 94 Joer: Wagner Jean a Simon- Aubart Irène. Fir 95 Joer: Thibeau Bernard. Fir 96 Joer: Weber Alfred. Fir 97 Joer: Sand- Krischler Susanne a Baulesch Jean. Fir 100 Joer: Kries- Faust Catherine a fir 102 Joer: Poos-Fabri Cilly. Déijenig di deser Feier nit konnten bäiwunnen ass och häerzlich gratuléiert gin. (CR) (Fotoen : Charel Reiser)