Joergäng 1940 bis 1955 vun Osper hun sech erëmgesinn


Osper: Et war eng Rees an d'Vergaangenheet an eng Begéinung mat ale Frënn. Wéi schon zënter Joeren, hunn sech déi fréier Schoulkomerodinnen- a Komerode vun de Joergäng 1940 bis 1955 vun Osper dëst Joer , wéinst engem Stierffall, dem onvergiesslichen Andrée Glesener- Leytem, e bësse méi spéit am Joer, an zwar de 7. November 2026 zu hirem traditionelle Konveniat getraff. Dëst Joer stong de Restaurant "Um Schlass" zu Iewerleng um Programm, wo jiddereen och gutt verwinnt gouf. D'Maisy Unsen- Mehlen huet eng ganz léif Begréissungsried gehaalen an dunn gouf och gläich un di all ze fréih Schoulkomerode an enger Gedenkminut och un si geduecht. Et war eng flott a beweegend Begéinung an et ass mat ville Geschichten, Laachen an engem Bléck zeréck op di gemeinsam Kandheet a Schoulzäit erënnert gin. D'Zäit vergeet, mee schéin Erënnerunge bleiwen! Um Ënn vun dësem Treffe gouf den Datum vum nächste Konveniat fir de lëschte Samsden am September 2027 festgeluecht. (CR) (Foto: Charles Reiser)

.