En Äppelbam fir di Neigebuere Kanner an der Gemeng Sëll

Sëll: Och ass den Dag vum Bam 2026 dest Joer am November an der klenger Gemeng Sëll gefeiert ginn. Zesummen mat de Gemengevertrieder, der ANF mam Fieschter Thierry Hollerich a sengem Team, dem Technesche Service mat deene klenge Kanner an hir Elteren aus der Gemeng Sëll, ass an der Wiss "Am Dall" zu Sëll, en Äppelbam geplanzt gin. Bei deser flotter Aktioun huet de Buergermeeschter Gérard Zoller no senge Wëllkommsgréiss a Wieder vu merci op de Sënn an Zweck vun deser naturverbonnener Planzaktioun higewisen, déi zesumme mat der lokaler Gaart an Heem Sektioun , wou de Bam dene klenge Sëller, déi am Joer 2025- 2026 op d'Welt komm sin, geduecht ass a gläichzäiteg si och all als nei Matbierger kënnen ze begréissen. An dem Kontext ass och eng Plakette aus Holtz mat de Nimm vun deenen Neigebuerenen als Erënnerung direkt bei de Bam gesat ginn. Als Ofschloss huet d'Gemengeverwaltung Sëll op e Patt mat engem gudde Maufel an de Festsall invitéiert, wou och all Elteren niewt engem Rauchmelder och nach e Bong als Merci an Empfang konnten huelen, fir sech e Bam no hirer Wiel kënnen unzeschafen. (CR) (Foto: Charles Reiser)