Kaddoen an Eierendiplomer op der Soirée des récompenses Gemeng Rammerich



Rammerich: Haut ass e besonneschen Owend, dee ganz am Zeeche vun der Unerkennung, dem Respekt an der Wäertschätzung steet. Als Buergermeeschterin ass et mir besonnesch wichteg, datt mir eis bewosst Zeit huelen, fir déi Leit aus der Gemeng ze éieren, déi sech duerch hiren Asaz, hiren Talent an hir Leeschtungen ervirgedoen hunn. Egal ob an der Schoul, am Sport oder an der Musek: Näischt kënnt vun eleng. Et brauch Zeit, Ausdauer, Gedold an de Wëlle fir ëmmer nees weiderzemaachen. Haut wëlle mir virun Allem eis Schüler a Schülerinnen, Musiker a Musikerinnen souwi eis Sportler a Sportlerinnen an de Mëttelpunkt stellen. Dir hut duerch, ären Engagement an är Ausdauer gewisen, wat mat vill Aarbecht a Leidenschaft méiglech ass. Dir sidd e Beispill fir anerer, besonnesch fir déi mi jonk Generatioun. Wichteg ass och, dat eis Gemeng virun allem lieft duerch Mënschen, déi sech engagéieren, déi eppes leeschten an déi eis Gemeinschaft mat gestalten. Dofir ass et eis als Gemeng Rammerich wichteg, Iech haut déi Unerkennung ze ginn, déi Dir Iech verdéngt. No dese Wieder vun der Madame Buergermeeschter Myriam Binck si follgend verdéngschtvoller Schüler mat engem Bong belount gin: Betty Goerens, Joyce Schettlé, Lena Berg, Dálida Dos Santos Neves, Anna Thilmany, Milly Reding, Candice Richter, Alex Oehmen, Helena Saputo, Emma Ries, Lucyana Correia João, Claire Kremer a Cloé Kemmer. Diplôme de réussite: Helena Da Silva Ferreira, Vanessa Berg, Cédric Bertrand, Joy Brück, Mélia Croix, Cathy Cruchten, Mélanie Dickes, Angie Fehlinger, Chiara Hobes, Amielle Jeanpaul, Koagne Jiogo, Monica Mendes Santos, Emma Mores, Sélina Morizot, Alexandra Reckinger, Claire Reding, Renato Santos Barros, Caroline Schickes, Laureen Seyll, Laura Stadtfeld, Luca Thilmany, Nicolas T'Joen, Chiara Tomassini, Malou Veron, Nina Weber, Manon Nicolas, Max Romeo a Sophia Saputo. Sportler: Lina Akaaboune, Luca Birden, Mett Niederkorn Marlair, Lara van der Elst a Maël Van Dessel. Musikschüler: Lena Berg, Emma Manconi, Ales Oehmen, Charel Thill a Vicky Thill. Sportmannschaften: DT Hueschtert-Folscht. Een Éischt Hëllef Kuerf gouf et fir follgend Absolventen: Helena Batista Da Silva Ferreira, Rosa Batista Da Silva Ferreira, Tun Bolmer, Lore Bolmer, Angie Fehlinger, Mia Kalmes, Alex Oehmen, Carmen Reichling, Maggy Thilmany a Conny Urbany. Mat engem Éierepatt a flotter Ambiance huet des Soirée des récompenses 2026 hire würdegen Ofschloss fonnt.(CR (Fotoen: Charel Reiser)