Bauschelt: Wéi dat och zur schéiner Traditioun am Lëtzebuerger Land gehéiert, huet d'Musik Gemeng Bauschelt och dest Joer nees de Caeciliendag gebührend gefeiert. De Festdag huet ugefanngen, mat enger feierlicher Mass an der Kierch vu Bauschelt, déi och vum Här Paschtouer Patrick Hubert zelebréiert gouf. Fir den gesanglichen Encadrement vum Gottesdéngscht huet de Bauschelter Gesank ënnert der Leedung vum Jang Wio mam Daniel Roemen op der Uergel gesuergt. Och d'Musik selwer huet zum musikaleschen Deel vun deser Festmass bäigedroen. Uschléissend war den Empfank an der Bauschelter Stuff, wou de President Arny Jakobs op de Sënn an Zweck vun desem Dag agaangen ass, a sämtleche Musikanten mat hirem Chef, dem Supporterclub mam Kommitee häerzlech Merci gesoot fir hiren Aasatz an Ënnerstëtzung bei alle Manifestatiounen. Och huet de President dem Här Paschtouer mam ganze Gesank Merci gesoot fir di schéi Mass an op di kommend Feierlichkeeten an der Gemeng mat aktiver Presenz higewisen. Duerno si folgend Musikanten mat UGDA- Medaillen ausgezeechent gin: Zoé Jakobs fir 20 Joer aktiv Musikantin ( médaille de mérite an argent), Kim Cornaro a Isabelle Neu fir 30 Joer Musikalescht Engagement. Gléckwënsch am Numm vun der UGDA huet d'Mym Roettgers - De Rond iwerbruecht an der Bauschelter Musik nach vill Freed an Ausdauer fir Zukunft gewënscht. Zur Ërënnerung an nei dest Joer, dat eng Taass Chrëschtdag mat Concert, Samsdes, den 12. Dezember 2026 um 18 Auer bei der Kierch zu Bauschelt geplangt ass. (CR (Fotoen: Charel Reiser)