Uewerpallen: Wéi et zur schéiner Traditioun an der Gemeng Biekerech gehéihert, fir hir Matbierger zu hirem Gebuertsdag ze éieren, war dat viru kuerzem nees de Fall. Mat schéinen Orchideen a petits- fours war de Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengem Schëffe Claude Loutsch op Uewerpallen komm, fir dem Biagino Slavazza zu sengem 85, Liewensjoer di allerbëscht Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng Bieckerech könne ze iwwerbréngen. De Jubilar ass de 26. Oktober 1941 als den eelsten vun zwee Kanner zu Malmédy (B) op d'Welt komm. Seng Eltere waren de Pierino Slavazza aus Italien an dem Nelly Dizelle aus der Belsch. Den 12. Dezember 1976 huet den Biagino Slavazza seng Fra Stana Kekez vu Gala aus Kroatien zu Francorchamps (B) bestued. Aus hirem Bestiednis huet e Jong, d'Liicht vun der Welt erbléckt. Haut ass d'Famill ganz stolz op hir zwee Enkelkanner. A sengem aktive Beruffsliewen huet de Biagono als Topograf sengt deeglecht Brout verdéngt. Zënter dem Joer 1978 wunnen di zwee an hirem schéinen Haus zu Uewerpallen. Zesumme mat der Famill ass d'Glas erhuewe ginn, an a gudder Gesellschaft op weider gesond an zefridde Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)