Réiden/Atert: Ëmmer bei bäschter Laun a gudder Gesondheet, konnt d‘Ingrid Otto- Zapp, dat zënter 1961 zu Réiden/Atert wunnt, hiren 85. Gebuertsdag, feieren. D’Ingrid Zapp ass den 10. Oktober 1941 als dat siewent jëngst vu 15 Kanner zu Schoenecken (Eifel) op d’Welt komm. Hier Elteren waren den Ernest Zapp an d‘Maria Jung. Am November 1959 huet den Heinz Otto vun Miescheid (D) seng zukünftig Fra, Ingrid bestued. Aus hirem Bestiednis koumen zwéin Jongen an zwou Duechteren op d’Welt. Haut ass d’Jubilarin ganz stolz op hir 9 Enkel- an sechs Urenkelkanner. Leider ass hire léiwe Mann Heinz den 14. Juli 2014 verstuerwen. Gefeiert gouf mat der Famill a Frënn, awer och d’Gemeng Réiden/Atert mat hirem Buergermeeschter Heng Gerekens mat de Memberen vum Gemegerot waren mat enger schéiner Coupe Blummen bei d’Ingrid Otto- Zapp komm, fir der Jubilarin zum 85. Gebuertsdag di allerbëscht Glëckwënsch iwerbrëngen ze dierfen. Duerno ass mam Obschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch an angenehmer Gesellschaft och weider gefeiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)