Bieckerech: Mat enger Coupe gefëllt vu schéinen Orchideen a gudde petits- fours war de Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengem Schëffen Claude Loutsch viru kuurzem bei d’Rosaria de Oliveira komm, fir der Jubilarin am Numm vun der Gemeng Bieckerech zum 85. Gebuertsdag häerzlich ze gratuléieren. D’Gebuertdagskand Rosaria ass den 25. August 1941 als dat zweeteelst vu 4 Kanner a Portugal op d’Welt komm. Hier Elteren waren den Francisco an d’Deolinda Laureiro. Am Juli 1958 huet d’Rosaria sech mam Antonio Mano Poeira a Portugal bestued.E Jong an dräi Meedercher sin aus hirem Bestiednis erviergaangen. Leider ass dem Rosaria hire léiwe Mann den 22. Juni 2016 verstuerwen. Zënter dem Joer 2017 liewt d’Jubilarin bei hirer Famill zu Bieckerech wou si och sech wuelfillt an och gut versuergt gëtt. Zesummen ass mat der Famill d’Glas erhuewe gin an op weider zefridden a gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)