Gléckwënsch fir d'Madame Suzette Calmes- Hatz zum 100. Geburtsdag


Réiden/Atert: Am Kader vun enger schéiner Feier, konnt d’Madame Suzette, genannt Setti Calmes-Hatz aus dem Préizerdaul, op 100 Liewensjoër zeréck blécken. D’Madame Calmes verbréngt hiere Liewensowend am Altersheem zu Réiden/Atert, an esou konnt den Direkter Dany Oestreicher mat sengem Personal, de Vertrieder vum Conseil d’Administration an der Generaldirektioun, bescht Gléckwënsch ausdrécken, an hier e schéint Blummenarrangement an ee Kado iwerreechen. D’Madame Fonsy Schreiber, eng Matbewunnerin, huet e

passend Gedicht vergelies. Duerno war et um Philippe Calmes, dem Enkel vun der Jubilarin, fir ee kuerze Réckbléck op d Liewen vun hirer „Mimi“ ze maachen.Si gouf gebuer zu Péiteng, den 11. Oktober 1926 an ass hei opgewuess mat hieren Elteren Philippe Hatz an Anne Goeres, an hieren zwee Geschwëster. Nom Krich huet si d’Néieschhandwierk geléiert, a beim Schneider Konsbruck an der Stad geschafft. De 16. August 1952 huet si sech mam Emile Calmes aus dem Préizerdaul bestuet, an zu Proz hunn zesummen eng Schneiderei opgemaach. An de 60er Joëren konnten si op Bieberich an hiert neit Haus anzezéien, mat hieren zwéi Jongen Marc a Mil.

Ufank de 70er Joëren, huet d’Konfektioun, der Schneiderei lues a lues en Enn gesat. Duerno huet den Emile als Gemengereceveur zu Bissen, Consdorf an am Préizerdaul geschafft. No senger Pensioun konnten di zwee eng schéin Zäit zesumme verbrengen, an als Grousseltern vill schéi Joëren mat de Kanner a fënnef Enkel- an zwee Enkelkanner genéissen. -D’Setty war aktive Member am Gaart an Heem, souwéi bei der Amicale vum 3. Alter, wou si vill flott Momenter verbruecht huet. Leider ass der Madame Setti hire léiwe Mann am Dezember 2019 verstuerwen. Den Héichpunkt vun der schéiner Feier war, wéi de Minister Max Hahn, am Numm vun der Regierung, häerzlech Gléckwënsch ausgedréckt huet, an hier dobäi schéi Blummen niewt engem Kado iwerreecht. Eng grouss Iwwerraschung fir d’Mme. Setty war, wéi si vum Minister mat der „Médaille de Mérite“ ausgezeechtent gouf, wouriwwer si sech immens gefreet huet.

Natierlech huet de grousse Gebuertsdagskuch nit gefeelt.

Zesummen mat der Famill, de Frënn a Bekannten, ass d’Glas erhuewe ginn, an op di 100 Joer vun der Madame Calmes, geprost ginn.

(CR) Foto: Charles Reiser