Second Hand Maart vun den Aktiv Frae Miersch huet 86 500 euro erabruecht.

Aktiv Frae Miersch hunn u 16 verschidden Organisatioune gespent

Miersch: Eng nei Rekord Zomm vun ëmmerhi 86 500 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Maart am Oktober dëst Joer, organiséiert vun den „Aktiv Frae Miersch“ an der Hal Irbicht zu Biereng duerstellt, konnt viru kuerzem a Form vu 16 Schecken u verschidde benevole Hëllefsorganisatioune verdeelt ginn. Am Ufank vun der Scheckiwwerreechung huet d’Presidentin Sylvie Hames-Nosbusch jidderengem Merci gesot, deen derzou bäigedroen huet, datt dëst Event zu engem groussen Erfolleg gouf. E besonnesche Merci goung un de Virstand, un all déi benevole Dammen an Hären, un d'Gemengeverwaltung mat hirem Technesche Service, un d'Vereenegung „Eng Nei Schaff“ an un d‘Jugend vun der Spillerekipp 5x Biereng. Net ze vergiesse sinn och all déi Leit, déi gratis gutt erhale Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a villes méi zur Verfügung gestallt hunn.

D‘Aktiv Frae Miersch si ganz houfreg, déi absolut Rekord Zomm vu 86 500 Euro fir de gudden Zweck verdeelen ze kënnen.
Jee ee Scheck vun 10 000 Euro sinn u follgend Vereenegunge verdeelt ginn : Fondation Henri- Marie-Teresa (Binsfeld Françoise), 2care2share asbl (Hazenberg Petra a Post Nathalie), Foyer Éislecker Heem (Sassel André), De Leederwon asbl (Aendekerk Peter), ATP-Éilenger Konschtwierk (Reder Thessy). Ee Scheck vun 8 000 Euro war fir de Päerds Atelier Liewenshaff (Ferreira Mica). Jee e Scheck vu 5 000 Euro goungen un Halto asbl (Thill Nathalie a Debora Póvoa), Banque Alimentaire Luxembourg asbl (Rodesch Jean), Oeuvres Paroissiales Miersch (Camille Schroeder a Kass Lucien). Iwwer 3 000 Euro konnten sech Île aux clowns freeën. Schecken am Wäert vu jeeweils 2 500 Euro goungen un Europa Donna, Frida asbl a Rokku Mi Rokka. D‘Fondation Raoul Follereau krut am Kader vun der Spendenaktioun vun der ACFL 2.000 Euro. Iwwer jeeweils e Scheck vu 500 Euro konnten sech d‘Jugend vun der Spiller-Ekipp 5x Biereng an d'Vereenegung „Eng Nei Schaff“ freeën.

Nodeems déi verschidden Organisatiounen hire jeeweilegen Aufgabeberäich kuerz virgestallt an sech häerzlech fir déi generéis Spende bedankt haten, ass dës bedeitend Scheckiwwerreechung bei engem gemittlechen Zesummesinn an enger flotter Atmosphär op en Enn gaangen.

Deen nächste Second Hand an der Hal Irbicht zu Biereng ass vum 3. bis de 6. Mäerz 2027 geplangt. D'Kleedersammlung fënnt den 23. Februar 2027 vun 10.00 bis 17.00 Auer och do statt. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)