Préizerdaul: Am Joer 1848 ass di Préizerdauler Musik, wéi si haut heescht gegrënnt ginn an hält och no souvill Joren un der Traditioun fest, fir de Caeciliendag zesummen och ze feieren. Dat schéint Fest vun hl. Caecila, Schutzpatréinerin vu Musik a Gesank huet ugefaange mat enger festlecher Owesmass an der Kierch am Préizerdaul. Gesanglich ass de Gottesdéngst vum Ensemble Vocal Préizerdaul mam Carlo Philippe op der Uergel verschéinert ginn. Och di Préizerdauler Musik huet hieren Deel instrumentalisch zur Geltung bruecht. A Senger Laudatio huet den Abbé Jacques Bagnoud un di hl Caecilia erënnert an huet och drop gehale fir dem Gesank an der Musik fir hiert Engagement villmools Merci ze soen. Am Verlaaf vum traditionelle Caeciliebanquet war et dunn um President Franz Hilger den an éischter Stell, der Gemeng séi Luef ausgeschwat huet fir de wonnerbar gelongenen neie Musiksaal wou souwoul d'Musikante wi och Startmusikanten déi an der Zuel stänneg klammen, sech och do ganz wuel fillen. Natirlich gong sein Dank waer och un all aktiv Musikantinne- a Musikante mat hirem Chef Christophe Terver inklusiv de Kommiteesmemberen fir di gut Zesummenaarbecht an Aktivitéit wärend dem ganze Joer. Wierder deenen sech de Buergermeeschter Marc Gergen am Numm vun der Préizerdauler Gemeng och ganz gäeren ugeschloss huet. Wéi et zur schéiner Traditioun gehéiert sin um Festdag och verdingstvoll Musikanten mat UGDA- a Staatsmedaillen zesummen mam UGDA Delegéierte Romain Henrion an dem Esther Triniane am Numm vum Ministère honoréiert gin. D'Jeanne Bormann ass mat der UGDA – „Medaille de mérite en vermeil avec palmettes“ a mat der Staatsmedaille „Chevalier de l’ordre de mérite“ fir 40 Joer aktiv Musikantin geéiert gin. D'Sylvie Hilger huet eng UGDA -„Medaille en Vermeil avec Palmettes“ - fir 40 Joer Musikantin iwerreescht kritt an zu gudder Läscht huet de langjährige Fähnerich Ady Müller sech iwert Staatsmedaille „Couronne de chêne“ fir 40 Joer am Dingst vun der Préizerdauler Musik, gefreet. Am Numm vun der UGDA huet de Romain Henrion Gléckwënsch vum Dachverband iwerbruecht an der Préizerdauler Musik fir Zukunft nach vill Freed an Zefriddenheet gewënscht. Natirlich gouf de President Franz Hilger fir sëin Asaatz nit vergiess a mat léiwe Wierder vum Sekretär Guy Jemming och villmools Merci gesoot. (CR) (Foto: Charles Reiser)