Contern


Chorale Les Villageois Contern

Fondée en 1826

a.s.b.l.

Medaile fir verdéngschtvoll Memberen op Caeciliendag

Um Fest vun eiser Patréinesch, der helleger Caecilia goufe verdéngschtvoll Memberen vum Piusverband ausgezeechent.

D‘ Mass, fir all lieweg a verstuerwe Memberen, an der Kierch zu Contern gouf musikalesch begleet vun eisen dräi Choralen aus der Gemeng Contern, d’Chorale Sainte Cécile Éiter-Schraasseg, d’Chorale Caecilia Moutfort-Medingen an der Chorale Les Villageois Contern.

De Patrick Jemming huet als Delegéierte vum Piusverband a bekannter Manéier zesumme mam President Roby Muller folgend Medailen u Membre vun der Chorale Les Villageois Contern iwerreecht.

Fir 5 Joer Déngscht

Insigne de mérite Liss Schumacher

Jean-Paul Alzin

Fir 10 Joer Déngscht

Medail am Bronze Jean Thill

Jean Thillmany

Fir 50 Joer Déngscht

Plaquette am Gold Milly Tremont

Chorale Les Villageois Contern

Foto : Marco Keup