Eng Gedenkplack fir 90 Lëtzebuerger Jongen

Eng Gedenkplack fir 90 Lëtzebuerger Jongen

Grouss Erënnerungsfeier un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg

Moutfert. Am Kader vun enger Erënnerungsfeier ass op der Plaz „Ons Jongen“ niewent der Porkierch eng Gedenkplack fir déi 90 jonk Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten ageweit ginn, déi an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 am Zuchthaus vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) vun engem SS-Sonderkommando op eng brutal Manéier ëmbruecht goufen.

Un dëser patriotescher Gedenkzeremonie, déi vum Blechbléiserquintett vun der Militärmusek a vun de vereenegte Gesangveräiner vu Conter, Moutfert-Méideng an Éiter-Schraasseg encadréiert gouf, hunn ënnert anerem deelgeholl: de Chamberpresident Fernand Etgen a verschidden Deputéierten, de Minister Lex Delles als Vertrieder vun der Regierung, den Éierestaatsministert Jacques Santer, d’Botschafter vu Frankräich, Polen a Rumänien, de President Guy Dockendorf an d’Vizepresidentin Claude Wolf vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, de Patrick Majerus als Chef vum „Service de la mémoire“ am Staatsministère, d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet mat de Schäffe Fernand Schiltz an Tom Jungblut an eenzelne Gemengerotsmemberen, d’Madame Maisy Ginter-Bonichaux an den Här Pierre Simonis als Zäitzeie vum Zweete Weltkrich, Vertrieder vun den Nopeschgemengen a vum Nationalcomité vun der „Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme».

A senger Begréissungsusprooch huet de Josy Lorent, President a.i. vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun a Vizepresident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, déi nei Bronzeplack als Erënnerungssymbol niewent dem „Monument aux morts“ bezeechent, dat zu Éiere vun deene 17 Jongen aus der Gemeng Conter opgeriicht gouf, déi am Zweete Weltkrich gefall sinn. Béid Monumenter sollen als Erënnerungssymbol fir den heldenhaften Doud vun den zwangsrekrutéierte Lëtzebuerger Patriote stoen. Dat engersäits als Mahnung, fir d’Fräiheet an d’Demokratie ze verdeedegen a géint Intoleranz an Haass opzetrieden an anerersäits fir d’Jugend eng Sensibiliséierung sinn, fir dass sech esou e schrecklecht Kapitel Mënschheetsgeschicht wéi den Zweete Weltkrich nie méi widderhuele sollt.

D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet huet d’Sonnenburg-Gedenkfeier net nëmmen als Zeeche vun Dankbarkeet géintiwwer allen Affer vun engem onmënschleche Krich gesinn, déi duerch hire Courage an hire Widderstand dozou bäigedroen hunn, datt mir haut als fräi Mënschen an engem onofhängege Lëtzebuerg an engem vereenegten Europa liewe kënnen. Gläichzäiteg soll esou eng Zeremonie och als Warnung verstane ginn, dass d’Geschicht sech net widderhuele soll, wat leider de 24. Februar 2022 duerch de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain elo awer geschitt ass.

No der „Sonnerie aux morts“ gouf d’Gedenkplack devoiléiert an hunn d’Autoritéite Blummen néiergeluet, wouropshin de Paschtouer Nico Schartz d’Aseenung am Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg stellvertriedend fir all Zwangsrekrutéierten an all aner Krichsaffer virgeholl huet. A sengem Gebiet huet hie gläichzäiteg zum Fridden an zur Versöhnung opgeruff.

Ofgeschloss gouf d’Aweiungsfeier mat zwou Strofe vun der „Heemecht“. (L.)

Josy Lorent

(FOTO: JEAN FERBER)