Null Offall, 100% lokal & bio bei Elisabeth Enfance

Mir haten déi grouss Freed de Landwirtschaftsminister, den Här Claude Haagen, an d'Madamm Carla Jellema vun IMS Luxembourg bei eis an der Maison Relais zu Conter ze begréissen, fir zwee wichteg Projeten ze diskutéieren, déi vum Ministère finanzéiert ginn.

Eis Missioun ass et, eis Kollektivkichen mam Plang "PAN BIO 2025" ( https://bio2025.lu ) ze transforméieren. Dëse Plang huet als Zil, eng Liewensmëttelversuergung aus 50% lokale Produiten, an dovunner 35% Produiten aus biologeschem Ubau op d’Been ze setzen. An dëst ass e grousse Schrëtt an eng méi gréng Zukunft.

De Projet "Mir sinn Antigaspi, an Dir?", léiert déi Kleng wéi ee manner Offall mécht a weist hinnen och, dass lokal a bio nawell ganz gutt schmaacht.

Mir hunn op enger interessanter Konferenz an der Maison Relais zu Conter vun Elisabeth Enfance iwwert eis Erfolleger bis elo geschwat. Andeems mir de Jonken d’Theema Nohaltegkeet méi no bréngen, droe mir dozou bäi, eng méi verantwortlech Zukunft ze gestalten!