Vernissage an der Seniorie Ste Zithe, Biller vum Här Antoine Reding

Den Här Antoine Reding, genannt „Tunn", gebuer den 19. Mee 1948, wunnt zënter dem 1schte September 2022 zu Contern an der Seniorie Ste Zithe. Hien huet seng Staffelei a Faarwe matbruecht fir sengem Hobby zënter Dezember 2012, dem mole vu Biller, kënnen no ze goen. Seng Motiver, gemoolt mat Acryl-Fuewen, sinn éischter Abstrakt Konscht. Hien huet och scho Portraite gemoolt, Landschaften an och Biller, déi aus Ënnerschrëften entstane sinn. Vum 20.4 bis den 1 Mee hat den Här Reding eng Ausstellung zu Uespelt am „Château d‘Uespelt". Zesumme mam Här Direkter, Sandro Collarini, gouf decidéiert eng kleng Expositioun vun de Biller ze maache wärend dem Mount Mee um Rez-de-Chaussée vun der Seniorie Ste Zithe.