Familljenowend an der Seniorie Ste Zithe Contern

Familljenowend an der Seniorie Ste Zithe Contern

D’Seniorie Ste Zithe Contern huet op hir Familljen-Owender invitéiert den 10ten an 11ten Oktober 2023. Den Här Sandro Collarini, Direkter vun der Seniorie, huet am Virfeld iwwert déi aktuell Projet’en informéiert.

Den Owend gouf beräichert duerch Präsens vun der Associatioun „Mäi Wëllen Mäi Wee“. Mir soen de Representanten e grousse Merci fir hir flott Präsentatioun an ausféierlech Informatiounen. Eis Invitéeën hu mat groussem Interessi nogelauschtert.

D’Familljen-Owender goufen an enger flotter Diskussiounsronn mat Häppercher an engem Patt ofgeschloss.