Gebuertsdagsfeier an der Seniorie Ste Zithe

Den Donneschdeg, 2. Mäerz 2023 huet d'Amicale zesumme mat der Seniorie Ste Zithe Contern, d'Gebuertsdeeg vu de Bewunner déi am Januar a Februar gebuer sinn, geféiert. D'Bewunner hunn sech mat hire Familljen de schéine Gebuertsdagskuch, déi gutt Coupe Cremant an déi flott Danzmusek net entgoe gelooss. Hinne gouf op dësen Dag och e Kaddo vu der Amicale iwwerreecht. Mir hunn all zesummen e flotten Nomëtteg verbruecht.