Wahlversammlung vun der CSV-Conter viru vollem Sall.


No hiere flotten Apero'en an allen Dierfer vun der Gemeng Conter hat d'CSV-Conter ë Mëttwoch op hier eenzeg Wahlversammlung op Mutfert invitéiert. D'Iwwerleeung fir just eng eenzeg Wahlversammlung ze halen war wuel déi richteg.
Virun engem déck gefëlltene Sall huet séch déi gudd gemëschten an dynamesch Equipp virgestallt an déi 5 Dammen a 5 Hären ronderëm de Buergermeeschter Jim Schmitz hunn hier Grënn fir Kandidat ze sinn an hier Iddiën déi si wëllen als méiglechen Gemengerot ëmsetzen dem Publikum matgedeelt.
Duerno huet de Jim Schmitz e Récklbléck op déi lescht sechs Joer gemat a gesot wat d'CSV-Conter an der Kontinuitéit an der nächster Legislaturperiod nach wëlles huet. Mat enger virsichteger Finanzplanung soll sech d'Conter Gemeng och weider am Aklang mat der Natur entwécklelen. D'weider Verbesserung vun de Servicer, d'Berouegung vum Verkéier, de Bau vum Cycle 1 an der ¨regionaler Dëschtennishal, d'Jugendhaus, d'Neigestaltung vun den Duerfkären sinn déi wichtegst Punkten déi an den nächste Joeren nieft der normaler Gestioun vun der Gemeng ustinn.
An enger lockerer Atmosphär konnten d'Biirger sech uschléissend mat den CSV-Kandidatinnen a Kandidaten ënnerhalen.