Amiperas- Sektioun Noumer feiert hir Senioren


Cruchten: Et gehéiert schon säit laange Joeren zur schéiner Traditioun bei der Amiperas- Sektioun Noumer, am Mount November, op hirer Journée du Grand Âge, hir Senioren ze éieren. Dest Joer waren d‘Memberen vum Senioreveräin mat hirem Comité am Restaurant A Guddesch zu Biereng zesumme komm, fir e puer flotter Stonnen beieneen ze verbrëngen. No de Wierder vu Wëllkomm a Merci, huet d‘Maria Souvigné jidderengem e gudden Appetit beim deftigen Festdagsmenü gewënscht. Virum Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch koum et zur Éierung vu folgenden Senioren déi am Laaf vum Joer engt neit Liewensjoer konnten genéissen. E praktische Kado gouf et fir folgend Jubilaren verbonnen mat deenen bëschten Gléckwënsch: Fir 75 Joer: Tom Souvigné. Fir 85 Joer : Alfred Felten an Lucie Weber. A gudder Ambiance a gudder Gesellschaft huet dess schéi Feier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR (Foto: Charles Reiser)