Zefridden Senioren bei der Amiperas- Sektioun Noumer


Schéi Momenter konnten mateneen verbruecht gin

Cruchten: Eng gut Zesummenarbecht, en attraktivt d’Joer, gemittlich Stonnen an zefridde Senioren. All dess Elementer hun di 30. Generalversammlung vun der Amipers- Sektioun Noumer am Clublokal vu Cruchten geprägt, déi vum Maria Souvigné- Muller zesummen mat Komitee opgemeet gin ass. Am Uschloss un hir Wëllkommensgréiss a Wierder vu Merci betreffend di wertvoll Matarbecht déi am vergaanene Joer zum Wuel vun denen ronn 80 Memberen zielender Sektioun geleescht gin ass, gouf och un di verstuerwe Memberen vum Senioreveräin geduecht. Aus dem gut gefëllten Aktivitéitsbericht vum Edmée Hoffmann- Gales gung ervier, dat niewt siewen Comitésitzungen , interne Feieren an interessanten Besichtigungen, véier Porte Ouverten, als Héichpunkt vum Joer, ouni Zeifel, d’Journée du Grand Age mat der Éierung vun de Jubilaren, schéin Momenter zesummen konnten verbruecht gin. De virléfige Programm vum laafende Joer gesäit esou aus: Dagesausflug, den och vun der Mehrheet vun der Versammlung gut geheescht gouf, ass fir den 19. Abrël virgesin. Fir d’Vakanz vum 12. bis den 15. Juni op d’Wäinstrooss an d’Pfalz mussen mindestens 20 Leit Interessi weisen fir di néidig Käschten können ze decken. Den definitiven Programm gett vum Komitee nach ausgeschafft. De Mammen- a Pappendag, souwi e Grillfest vir den 12. Juli mat engen weideren Dagesausflug am Hierscht sin schon virprogramméiert a sin och vun dere Versammlung unisono och gut geheescht gin. Aus dem Keesebericht den mat engem klengen Defizit, trotz enger gudder Finanzbasis, huet missen ofgeschloss gin, goufen och vun de Keeserevisoren Fränz Hoffmann an Jos Aubart als einwandfrei bestätigt. Vir d‘Erweiderung vum Komitee huet kee Kandidat sech gemellt sou dat den elo esou ausgesäit: Edmée Hoffmann (Sekretärin); Lucien Schaus (Keessier). Weider Memberen sin: Germaine Biren, Triny Fantin, Maria Souvigné an Marianne Olsem. (CR) (Foto: Charel Reiser)

.