D'Buerg huet zu Dellen gebrannt

Di Deller Amicale huet och dëst Joer erëm di flott Traditioun vum Buergbrennen opliewe gelooss. De ganze Buergsamsdesch iwwer ass Material erbäi gefouert ginn, d'Kräiz um Wäisse Steen gewéckelt an opgeriicht fir owes an engem imposante Feier ofgebrannt ze ginn. Bei äisegen Temperaturen huet de waarmen Ierzebulli dunn och extra gutt geschmaacht.