Chorale Municipale Sängerbond Diekirch
Ensemble Vocal Eurocantica Luxembourg
Orchestre Estro Armonico
Andy Loor_Directioun
15. Juni um 20 Auer: Eglise Paroissiale St Laurent zu Diekirch
Marie-Christiane Nishimwe_Sopran
François Héraud_Bariton
Programm:
A Prayer For Peace_John Williams
Agnus Dei / Adagio for strings_Samuel Barber
Requiem_Gabriel Fauré
De 15. Juni gedenke mir den 100. Doudesdag vum franséische Komponist Gabriel Fauré, den de 4. November 1924 gestuerwen ass an deem säi musikalesche Patrimoine onstierflech bleift. Um Programm steet ënner anerem säi Requiem, dee vu senge ville Meeschterwierker erausstécht. Et ass eng bewegent Kompositioun déi Sécherheet a Fridden an der Mëtt vu Péng an Trauregkeet vermëttelt. Och d’Stéck “A Prayer For Peace” vum John Williams erënnert eis drun datt d'Musek d'Kraaft huet eis ze tréischten an ze heelen, an dat och an den däischterste Stonnen.
Am Kader vum Fauré sengem Doudesdag gedenke mir och deene villen onschëllegen Affer vum Krich, deenen hiert Leed a Verloscht onmoosseg ass. Dëse Concert soll eis drun erënneren, datt och an Zäite vu Konflikt an Tragedien d'Hoffnung op Fridden a Versönung ni verschwannen. D’Musek soll eis verbannen an eis inspiréiere fir eng Welt ze plädéieren, wou onschëlleg Affer vum Krich ni vergiess ginn a wou hir Erënnerungen a Fridden an Harmonie weider liewen.
De Concert gët de 16. Juni um 20 Auer nach emol an der Eglise Sacré Coeur an der Stad widerholl.
Entrée: 25€ / 10€ <25 Joer / Gratis <12 ans / Keng Reservatioun - Oweskees