Aweiung vun der "Dikricher Gare"

E Freddig, 27. Februar guff em 17.00 déi Rez-de chaussée vun der Dikricher Gare offiziel opgemaach. No mi wi engem Jar Renovatiounsaarbichten ass hei e Snack-Bar entstaangen, an dem 2 aarbichtslos Jugendlicher eng Léier kënne maachen. Newent alkoholfreiem Gedrinks, gi Bréidercher verkaaft, Biljeeën fir den Zuch an et kann en e Velo léinen fir en Tour ze maachen. Et ass gleichzeitig Waarderaum fir den Zuch.
De Buergermeester Claude Haagen huet erklärt wat alles hei ageriicht guf an dat d'Gemeng den Träger vum Projee ass. De Minister Nicolas Schmit huet virun allem ervirgehuewen, dat Jugendlicher, déi hir Schull ofgebrach hun, eng Méiglichkeet kreien hei eng Ausbildung ze maachen.