Chrëtfeier vu Gaart an Heem Dikrich

D'Chrëstfeier vum Gaart an Heem Dikrich an der Aler Seeërei guff verschéinert duerch e flotte Concert vun der MUSEP vun der Dikricher Grondschoul ennert der Leedung vum Monique DAHM. De Concert war ganz gudd ukom bei de Leit, déi ganz nodächtig de Wanter- a Chrëstlidder nogelauschtert hunn, déi d'Sänger während dem 1. Trimester an hire wöschentliche Prouwen astudéiert haten. Mat engem Stéck Bûche an enger Tombola gung d'Zeit séier rëm.