Preisverdeelung vum Concours « Notre ville en fleurs 2017 » zu Dikrich

Am Fréijar 2017 hat de “Gaart an Heem Dikrich” déi Dikricher Lett opgeruff hir Virgäertercher a Fënsteren mat Blummen ze verschéineren. Während dem Juli an dem August hu verschidde Comitésmemberen puermol d ‘Ronn gemaach fir bei deenen, déi sich ugemellt haten, eng Bewäertung ze maachen.

Den 7. November war dunn d’Präisiwerreechung zesumme mat dem Schäffen René Kanive , der Presidentin Carine Breuskin vum Syndicat d’Initiative an dem President Théo Meder vun der Union Commerciale, déi allen dréi Partner vum Gaart an Heem sen. Et goufe zwee Mol 5 Haaptpräisser verdeelt a Form vun Akafsbongen, déi en an den Dikricher Geschäfter aléise kann. Jiddereen, de matgemaach hat, krut och en Troustpräis. Als Ofschloss huet d’Gemeng e Patt offréiert an de Gaart an Heem Schnittercher.