Chrëstfeier vum Gaart an Heem Dikrich

Och 2016 hat de Gaart an Heem Dikrich seng Memberen rëm op eng Chrëschtfeier invitéiert an et waren der vill komm, déi e gemittlechen Nomëtten an der Aler Seeërei verbruecht hunn. No enger besënnlecher Usproch vum President Carlo Schmitz, mat klengem Réckbléck op 2016, huet de MUSEP-Chouer vun der Dikricher Grondschoul ënnert der Leedung vum Monique Dahm Wanter- a Chrëschtlidder gesongen. Eng flott Blummentombola war séier verkaaft. Jiddereen krut enkt déckt Stéck Bûche an eng Taass Kaffi. Mat engem klenge Kado gongen d ‘Leit an Kanner zefridden heem.